Méi sozial Gerechtegkeet an eng staark sozial Kohäsioun. Dat si fir de Paul Galles wesentlech Ziler vun der Politik. De Paul Galles ass zënter Dezember 2017 Member vum Stater Gemengerot a gesäit dëst als Verlängerung vu sengem sozialen Asaz, aus deem hie säi Beruff gemaach huet.
« Ech fannen, datt all d‘Mënschen am Land matkommen a sech entfale kënne mussen. Mir bilden zesummen eng Gesellschaft, an där jidderee wëllkomm ass. Dofir wëll ech mech all Dag asetzen », seet de Paul Galles.