Nico Pundel
52, Ingénieur diplômé, Echevin, Stroossen
Nico Pundel
Ingénieur diplômé
Echevin

« Wuesstem plangen heescht och ze kucken, datt genuch proppert Drénkwaasser do ass, datt d’Ofwaasser effizient gekläert gëtt an den Héichwaasserschutz garantéiert ass. Mir brauchen een nohaltegt Offallkonzept, dat méi Gewiicht op d‘Kreeslafwirtschaft leet. Mir mussen een Energiekonzept hunn, dat trotz Wuesstem de globale CO2-Ausstouss reduzéiert. Wëlle mir dëst erreechen, brauche mir déi richteg politesch Entscheedungen. Dofir muss een déi technesch Léisunge verstoen. » Wann den Nico Pundel iwwer Ëmweltfroe schwätzt, gesäit een, datt hien a sengem Element ass.

Nico Pundel