Dem Pierrot Feiereisen säi soziaalt a politescht Engagement baséiert op enger breetgefächerter gewerkschaftlecher Erfarung als LCGB-Vertrieder an der Chambre des Salariés. « Dëst erlaabt mir mat Iwwerzeegungskraaft an der néideger Kompromëssbereetschaft Responsabilitéit an Entscheedunge fir d’Wuel vu menge Matbierger ze huelen », seet hien.
Solidaritéit an Toleranz géintiwwer de Matmënschen si fir hien dat Wichtegst, och an der Politik.