« Mir brauchen eng villfälteg an innovativ Landwirtschaft, déi duerch d‘Regionalitéit muss gestäerkt ginn », fuerdert d‘Martine Hansen.
Fir déi fréier Direktesch vun der Akerbauschoul ass d‘Schoulpolitik eng weider Prioritéit. Si ass iwwerzeegt, datt Schoulentwécklung nëmmen am Dialog mat alle Schoulpartner geet.
Zënter 2013 ass si Deputéiert. Virdru war d’CSV-Vizepresidentin 2013 Ministesch fir Recherche an Héichschoul. Chancëgerechtegkeet ass d’Leitmotiv vun der buedemstänneger CSV-Bezierkspresidentin vum Norden.