De Max Hengel weess als Buergermeeschter vu Wormer wat et heescht, politesch Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Hie wëll dat och fir säi Bezierk an der Chamber maachen. « Wëll ech d’Gefill hunn, datt erëm méi Politik fir d’Leit muss gemaach ginn. Mir kënnen et besser », esou de Politolog, deen an der CSV-Fraktioun schafft a sech ënner anerem a Gesondheetsfroe spezialiséiert huet.