Den Nico Keiffer seet, wat en denkt. « Sech politesch an enger Partei engagéieren, heescht Faarf bekennen, fir Iddien a Meenungen antrieden, hannert deenen eng Ekipp steet.
Politescht Engagement ass kee Selbstzweck. Politescht Engagement ass net zäitgebonnen. Besser spéit wéi ni », esou de laangjärege Sportjournalist.
Als Papp vu 5 Kanner steet fir hien d’Famill ganz uewen. D’Kanner vun haut sinn déi Erwuesse vu muer.