« De Logement ass déi éischt Prioritéit vun de Lëtzebuerger. Duerfir muss et och déi éischt Prioritéit vun der Politik sinn », sou de Marc Lies, de « Monsieur Logement » vun der CSV.
Zënter 2009 ass hien Deputéierten. Dobäi sicht de Buergermeeschter vun Hesper – hien ass och dat zënter 2009 – ëmmer no pragmatesche Léisungen um Terrain.
Weider Schwéierpunkte si fir hien d’Verbesserung vum Verkéiersfloss an e nohaltege Wuesstem fir d’Leit. Politik ass fir hien e Service um Bierger.