« Ech sinn e kritesche Mënsch an diskutéiere gäre mat de Leit iwwer d‘Problemer an eiser Gesellschaft, esouwuel op kommunalem, ewéi awer och op landeswäitem Niveau. Aus dësem Grond hunn ech mech politesch engagéiert a sinn 1999 mat a Gemengewahle gaangen », seet d’Simone Massard-Stitz, déi e soziaalt Engagement berufflech a politesch konkret lieft. « Ech hunn den direkte Kontakt mat de Bierger gären a lauschteren hinnen no », betount d’Buergermeeschtesch vu Sandweiler.