D’Viviane Reding wëll och an Zukunft weiderbauen, wourunner si schonns zënter Joren an der nationaler an europäescher Politik schafft: eng staark Lëtzebuerger Positioun an engem zolitten Europa. Si wëll déi Lëtzebuerger Reputatioun a Positioun an Europa festegen an eng Ekonomie stäerken, déi hir Wuerzelen net vergësst an déi gläichzäiteg de Sprong an déi digital Zukunft packt.
« E Politiker soll », sou d’Viviane Reding, « de Leit nolauschteren a seng Dossiere kennen. »