Mir hunn e Plang fir Lëtzebuerg.

Politik bedeit d’Zukunft virbereeden. Mir hunn e Plang mat klore Perspektiven an Zilsetzungen. E Plang fir all Generatiounen: Mir wëllen eist Land méi modern opstellen, mir wëllen awer och Traditiounen erhalen an de sozialen Zesummenhalt stäerken. Mir wëllen een intelligente Wuesstem leeden a begleeden. Mir wëllen eis Liewensqualitéit sécheren a fir méi sozial Gerechtegkeet suergen. Mir lueden Iech an, zesumme mat eis, dat modernt a nohaltegt Lëtzebuerg ze gestalten.

Klickt op e Bezierk fir d'Lëscht vun de Kandidaten

Plakater

Wahlprogramm 2018

Mir hunn e Plang fir Lëtzebuerg

Ee Plang fir all Generatiounen: Zesumme wëlle mir eist Land moderniséieren, Traditiounen erhalen an de sozialen Zesummenhalt stäerken. Mir wëllen en intelligente Wuesstem leeden a begleeden. Mir wëlle Liewensqualitéit sécheren a fir sozial Gerechtegkeet suergen.

Méi liesen

Themen

Fir besser Chancë fir all Kand.

Mir stellen d’Famill an de fräie Choix vum Liewensmodell an de Mëttelpunkt. D’Famill ass de Grondsteen vun eiser Gesellschaft. Si soll grad de Kanner Léift a Gebuergenheet ginn. De Start an d’Liewe fënnt an der Famill statt. Eltere sollen d’Méiglechkeet kréien, méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. D’Schoul ass komplementar zur Famill de Schlëssel fir Chancegerechtegkeet an der Gesellschaft. Mir maachen eng Schoul vum Erfolleg méiglech. Dofir brauche mir motivéiert, fachlech a pädagogesch gutt Enseignanten, déi sech op Schoul hale kënne konzentréieren.

Méi liesen

Fir méi a bezuelbar Wunnengen.

Et sinn net nëmmen, mä ganz besonnesch jonk Familljen, déi bezuelbare Wunnraum brauchen. Wa mir eis jonke Generatiounen, awer och eise sozial méi schwaache Membere vun der Gesellschaft, besser Zukunftsperspektiven an Entwécklungschance wëlle ginn, ass et eis Verantwortung elo konsequent anzegräifen. Wa mir Quartieren, Gemengen an Dierfer wëllen hunn, wou Liewen ass a Mënschen, mat ënnerschiddleche Liewensrealitéiten sech austausche kënnen, muss de Wunnengsbau politesch Prioritéit sinn. Mir wäerten d’Offer u bezuelbarem Wunnraum drastesch erhéijen. Mir schafe méi a bezuelbar Wunnengen.

Méi liesen

Fir eng Mobilitéit fir haut a muer.

Mir sollen eis entspaant, sécher a wann néideg séier beweege kënnen. Fir méi Liewensqualitéit brauche mir manner Zäit am Stau a manner Stress. Nieft enger nohalteger Wuesstemsstrategie mussen dofir Mobilitéitskonzepter un déi laangfristeg demographesch Entwécklung vum Land ugepasst sinn. Mir starten eng nei Mobilitéitsoffensiv. Dës Offensiv gesäit konkret Projete vir. Si deckt a koordinéiert all Beräicher vun der Mobilitéit of (Tram, Bunn, Strooss, Vëlo a Foussgänger). Eng Rei konkret Moossnahmen ergräife mir direkt.

Méi liesen

Fir en innovatiivt Lëtzebuerg.

Mir setzen eis fir eng innovativ a leeschtungsfäeg Wirtschaft an. Nëmmen si erlaabt eng sozialgerecht Ëmverdeelung. Si ass och e wichtege Schlëssel fir e verantwortlechen Ëmgang mat eise Ressourcen an der Ëmwelt. Mir bauen op d’Kreativitéit an d’Eegeverantwortung vun de Mënschen. Op hiren Entrepreneursgeescht an hir Freed un der Innovatioun. Mir ënnerstëtzen dofir e staarke Mëttelstand an eng modern Landwirtschaft. Mir leeden a begleeden eis Wirtschaft. Fir intelligenten an nohaltege Wuesstem. Fir Wuesstem, deen eis Liewensqualitéit erhéicht.

Méi liesen
Mir maache Lëtzebuerg fit fir d'Zukunft
Claude Wiseler