Eise Spëtzekandidat

Claude Wiseler
Deputéierten
CSV-Fraktiounspresident

“Eisem Land geet et am Vergläich mat villen anere Länner gutt. An dach ass et wichteg, d’Zukunft uerdentlech virzebereeden. Dat wëll ech maachen, wann ech Premier ginn. Mir brauche Wuesstem. Mä mir decidéieren, wéi een, wéi vill a wou! Dofir gi mir eis d’Moyenen, mir loossen net einfach alles lafen.

Eise Wuesstem muss einfach méi produktiv ginn.

Ech wëll, datt mir eis weider konzentréieren op Beräicher, wéi Finanzen an Assurancen, Biotechnologien, IT, Logistik a Weltraumfuerschung. Ech proposéieren zwee Secteuren, medezinesch Innovatioun a gréng Technologien, virun allem d’Kreeslafwirtschaft, zousätzlech auszebauen. Dat si Beräicher, déi nei Chancë fir eis Kanner an déi Generatiounen duerno méiglech maachen.

Mir mussen eis prett maache fir de Wuesstem ze begleeden. Dofir wäerte mir eis anescht organiséieren. Mat enger neier Verfassung a staarke Gemengen, déi méi no bei de Leit sinn. Lëtzebuerg brauch Top-Infrastrukturen. Mir mussen an de Wunnengsbau, d‘Stroossen, de Schinneverkéier, a Schoulgebaier an an Altersheemer investéieren. Mä net egal wéi! Duerch eng kohärent Landesplanung, déi vernetzt a gutt organiséiert ass. Déi op Ëmweltschutz an Nohaltegkeet baut.

Mir brauchen déi Net-Lëtzebuerger, déi an eist Land kommen. Lëtzebuerg huet eng erfollegräich Integratiounsgeschicht. Déi wëlle mir weiderféieren. D’Net-Lëtzebuerger sollen eis kenneléieren, esou wéi mir sinn. Eis Identitéit ass eng oppen Identitéit a si soll de Schlëssel zur gelongener Integratioun sinn. Eis Sprooch ass Integratiounssprooch hei zu Lëtzebuerg. Dat soll si bleiwen.

Ech hu beim Ausschaffe vum “Plang fir Lëtzebuerg“ gutt nogelauschtert, wat d’Leit soen. Ech hu vill diskutéiert a villes gesinn.

Ech si prett fir déi fënnef Joer, déi kommen.

Ech weess, wéi ee schwiereg Situatioune mat Rou an Determinatioun ka meeschteren.

Ech weess, wéi ee Projete virubréngt an Ziler erreecht.

Mat enger grousser Sensibilitéit fir Suergen a Problemer a fir mënschlech Realitéiten. Mat engem Sënn fir dat, wat Lëtzebuerger sinn heescht, fir eis Traditioun an eis Sprooch, mä och mat Gespier fir d’Besoine vun Net-Lëtzebuerger, well ech dagdeeglech d’Integratioun a menger Famill liewen.

Fir mech besteet Politik aus enger Visioun fir d’Zukunft, engem Plang dohin ze kommen an der absoluter Determinatioun beim Ëmsetzen.

Ech wëll Premier ginn, well ech prett sinn, Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Well ech determinéiert sinn, déi Reformen, déi eist Land brauch, a Wierklechkeet ëmzesetzen.

Well ech eng gutt Ekipp an e Plang fir Lëtzebuerg hunn.

Well ech un eist Land, u seng Leit an un eis Zukunft gleewen.”

Videoen

Zesumme fir de Wiessel
Claude Wiseler live @ Esch-Uelzecht
Claude Wiseler live @ Jonglënster
Claude Wiseler live @ Dikrech
Claude Wiseler live @ Stad Lëtzebuerg
Fir wat mir stinn
Mir maache Lëtzebuerg fit fir d'Zukunft
Claude Wiseler