Fir besser Chancë fir all Kand.

Fir eis ass d’Famill de Grondsteen vun eiser Gesellschaft. Si soll de Mënschen, a grad de Kanner, Léift a Gebuergenheet an awer och der Gesellschaft Halt an Zukunft ginn. De Start an d’Liewen fënnt an der Famill statt. D’Politik däerf sech net eleng fir ee bestëmmte Modell vum Zesummeliewen an der Organisatioun vun de Familljen ausschwätzen.

Dës Regierung huet awer genau dëst duerch den Ëmbau vun der Familljepolitik an der staatlecher Ënnerstëtzung gemaach. Esou huet se z. B. d’“Allocation d’éducation” an d’”Allocation de maternité” ofgeschaf.

Mir stellen d’Famill an de fräie Choix vum Liewensmodell an de Mëttelpunkt. Eis Aufgab ass et, d‘Familljen doranner z‘ënnerstëtzen hire Liewensmodell tatsächlech fräi wielen ze kënnen. Fir e richtege Choix ze erlaaben a fir den Elteren wierklech d’Méiglechkeet ze ginn, méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen, wäerte mir:

  • de “Congé parental” méi flexibel gestalten a verlängeren;
  • d’Babyjore fir Leit, déi decidéiert hunn, zäitweileg mat schaffen opzehalen, vun zwee op dräi Joer erweideren;
  • erëm eng “Allocation d’éducation” no soziale Critèren aféieren;
  • déi professionell Reintegratioun, grad ewéi Deelzäitaarbecht a méi flexibel Aarbechtszäitmodeller fërderen;
  • schrëttweis eng gratis Kannerbetreiung an der Grondschoul aféieren;
  • eng gratis Hausaufgabenhëllef fir all Kand aféieren;
  • d’Offer vu Kannerbetreiung ausbauen a verbesseren;
  • eng zousätzlech Allocatioun fir sozial méi schwaach Famillje mat dräi oder méi Kanner aféieren.

D’Schoul ass fir eis komplementar zur Famill de Schlëssel fir Chancegerechtegkeet an eiser Gesellschaft.

Dës Regierung huet duerch eng Hellewull Reformen an der Schoul fir Duerchernee gesuergt. Se huet vill Chantieren ugefaangen, ouni richtegen Dialog mat de concernéierten Acteuren an ouni sech déi néideg Mëttel um Terrain ze ginn. Grad d’Rentrée 2017-2018 war net organiséiert an et gouf net mat Zäit op d’Warnungen aus der Schoul selwer reagéiert. Dës Regierung huet esou fir Chaos an eise Schoulen a fir berechtegt Frustratioune bei Elteren a Léierpersonal gesuergt.

Mir maachen eng Schoul vum Erfolleg méiglech. Am Interessi vun eise Kanner. Dofir brauche mir un éischter Plaz motivéiert, fachlech a pädagogesch gutt Enseignanten, déi sech op d’Schoul halen an domat op hir Aarbecht mat de Kanner kënne konzentréieren.

  • Mir reduzéieren den administrativen Opwand a passen de Stage am Sënn vu Coaching un.
  • Mir institutionaliséieren ee reegelméissegen Austausch mat de Schoulpartner.
  • Mir féieren e Pilotprojet vun enger Schoulleedung an der Grondschoul an.

Mir preparéieren d’Schüler optimal op d’Erausfuerderunge vu muer.

  • Mir iwwerschaffen de Sproochenunterrecht fir eis Méisproochegkeet ze fërderen. Lëtzebuergesch ass dobäi als Integratiounssprooch en zentraalt Element.
  • Mir diversifiéieren déi schoulesch Offer zousätzlech fir se un déi verschidde Bedierfnesser vun de Kanner unzepassen.
  • Mir stellen, ausgoend vun de bestoende Initiative fir den Interessi un der Technik, der Science, dem Entrepreneurship ze fërderen, e Gesamtkonzept op.
  • Mir wäerten d’Beruffsausbildung op. Eist Handwierk brauch héichqualifizéiert Leit. Mir verbesseren d’Orientéierung a féieren déi sougenannte “Berufsfindungstests” flächendeckend an.

/// Fir méi a bezuelbar Wunnengen.

/// Fir eng Mobilitéit fir haut a muer.

/// Fir en innovatiivt Lëtzebuerg.