Fir méi a bezuelbar Wunnengen.

Et sinn net nëmmen, mä ganz besonnesch jonk Familljen déi bezuelbare Wunnraum brauchen. Wa mir eise jonke Generatiounen, awer och eise sozial méi schwaache Membere vun der Gesellschaft, besser Entwécklungschance an Zukunftsperspektive wëlle ginn, muss d’Politik hei elo konsequent agräifen.

Dës Regierung huet d’Problemer am Wunnengsbau laang schleefe gelooss. Méintelaang ass net vill geschitt an et huet esouguer missen zu engem Wiessel un der Spëtzt vum Ministère kommen. Piste fir Reforme sinn zum Schluss vun der Legislatur vun der Chamber ënner dem Impuls vun der CSV virgeluecht ginn. Och landesplaneresch ass et net virugaangen (Verschleefe vun de “Plans sectoriels”), wat dem Ganzen nach weider geschuet huet.

Mir schafe bezuelbare Wunnraum. Mir wäerten d’Offer u bezuelbarem Wunnraum drastesch erhéijen.

  • Mir weise grouss Bauzonen a sektorielle Pläng aus.
  • Mir ginn dem Staat d’Mëttel fir ongenotzte Bauterrainen opzekafen.
  • Mir si fir eng verstäerkt Inneverdichtung, iwwerall do, wou eng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport besteet.
  • Mir suergen dofir, datt zukünfteg PAG-Ofännerungen zousätzlecht Bauland ausweise kënnen.
  • Mir féieren eng staatlech festgeluechten Tax an, fir déi aus Spekulatiounsgrënn onbebauten Terraine wesentlech méi héich kënnen ze besteieren.
  • Mir féieren de Mietkauf an de „Contrat de mise à disposition“ an.
  • Mir erweideren de Steiersaz vun dräi Prozent beim Akaf vun éischte Wunnenge fir jonk Familljen.
  • Mir schafe méi sozialen a bezuelbare Wunnraum, andeem’s mir dëst materiell méi héich ënnerstëtzen.
  • Mir vereinfachen d’Methoden an d’Prozeduren fir méi séier ze bauen. Sämtlech entspriechend Gesetzestexter mussen dofir verbessert kënne ginn.
  • Mir schafen eng nei staatlech Ariichtung fir d’Fërdere vum Wunnengsbau, déi als zentral Ulafstell allen Acteuren am Beräich vum Wunnengsbau ënnerstëtzend zur Säit steet.

/// Fir besser Chancë fir all Kand.

/// Fir eng Mobilitéit fir haut a muer.

/// Fir en innovatiivt Lëtzebuerg.