Marc Spautz
55, CSV-Nationalpresident, Deputéierten, Schäffen, Schëffleng
Marc Spautz
Handwierker,
Fréiere Gewerkschaftssekretär
Deputéierten
Schäffen
CSV-Nationalpresident

“Meng éischt Prioritéit ass den “S” am Numm vun der Partei. Besonnesch fir den Alldag vun de Leit ze verbesseren”, sou de Marc Spautz.

Den CSV-Nationalpresident ass zënter 2004 an der Chamber. Fir de geléierte Mecanicien gehéiert de Mënsch an de Mëttelpunkt vun der Politik. No 2013 huet de fréiere LCGB-Generalsekretär d’Partei strukturell an inhaltlech erneiert.Vun 2011 bis 2013 war hien CSV-Fraktiounschef. Duerno war hien 2013 Familljen-, Integratiouns- a Kooperatiounsminister. Zënter 2017 ass hien och Schäffen zu Schëffleng.

Marc Spautz