Françoise Hetto-Gaasch
58, Educatrice graduée, Deputéiert, Schäffen, Jonglënster
Françoise Hetto-Gaasch
Educatrice graduée
Deputéiert
Schäffen
CSV-Vizepresidentin

“Et ass haut net einfach fir Famill a Beruff ze verbannen. Duerfir sti mir als Partei de Familljen zur Säit”, seet d’Françoise Hetto-Gaasch. D’Famill ass der CSV-Vizepresidentin wichteg.

Vun 2004 bis 2009 an erëm zënter 2013 ass déi fréier RTL-Speakerin CSV-Deputéiert. D’Educatrice graduée këmmert sech ëm Familljepolitik, Chancëgläichheet a PMEen. 2009 ass si Ministerin fir Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet ginn. Vun 2007 bis 2009 war d’Mamm vun zwee Kanner Buergermeeschtesch an zënter 2017 ass si Schäffe vu Jonglënster.

Françoise Hetto-Gaasch