Michel Wolter
55, Ekonomist, Député-Maire, Käerjeng
Michel Wolter
Ekonomist
Deputéierten
Buergermeeschter

“Wann eemol eng Decisioun demokratesch geholl ginn ass, da setzen ech se och ëm”, sou de Michel Wolter. 1984 gouf den Ekonomist mat 21 Joer fir d’éischt an d’Chamber gewielt an zënterhier ëmmer erëmgewielt.

Vun 1995 bis 2004 war hien Inneminister. Fir d’éischt mat der Fonction publique, duerno mat Landesplanung a Police. Vun 2004 bis 2009 war hien CSV-Fraktiounschef. Duerno bis 2014 Parteipresident. Zënter 2010 ass hie Buergermeeschter vu Käerjeng.

Seng Sujete sinn Innepolitik, Landesplanung, Wirtschaftspolitik an national Identitéit.

Michel Wolter