Fir eng Mobilitéit fir haut a muer.

Fir méi Liewensqualitéit brauche mir manner Stau a manner Stress. Mir sollen eis entspaant, sécher a wann néideg séier beweege kënnen. Nieft enger nohalteger Wuesstemsstrategie mussen dofir Mobilitéitskonzepter un déi laangfristeg demographesch Entwécklung vum Land ugepasst sinn.

Dës Regierung huet sech dorop beschränkt, Projete vun der viregter Koalitioun ëmzesetzen. Si huet et verpasst, ganz am Ufank vun der Legislatur een neit ëmfaassend Mobilitéitskonzept auszeschaffen, dat Lëtzebuerg fit fir eng méi mobil Zukunft mécht.

Mir starten eng nei Mobilitéitsoffensiv. Dës Offensiv gesäit konkret Projete vir. Si deckt a koordinéiert all Beräicher vun der Mobilitéit of (Tram, Bunn, Strooss, Vëlo a Foussgänger).

Dobäi ergräife mir eng Rei konkret Moossnahmen, esou séier, wéi méiglech, e.a.:

  • Mir bauen den Tram an Zuchstrecken aus.
  • Mir erweideren d’Haaptautobunnen op 2 x 3 Spuren.
  • Mir schafen en Héichleeschtungssystem fir Bussen, déi an de Peripheriezone vun der Haaptstad, an der Nordstad, grad ewéi an den urbanen Zentren am Süde vum Land zirkuléieren.
  • Mir bauen d’West-Tangente, erweideren d’N7 op véier Spueren, an huelen eng Rei Contournementen an Ugrëff.
  • Mir bauen nei Garen zu Hollerech/Zéisseng, Dummeldeng an Ettelbréck an entlaaschten d’Stater Gare duerch Bypassen.

/// Fir besser Chancë fir all Kand.

/// Fir méi a bezuelbar Wunnengen.

/// Fir en innovatiivt Lëtzebuerg.