Politik bedeit d’Zukunft virbereeden. Mir hunn e Plang mat klore Perspektiven an Zilsetzungen. E Plang fir all Generatiounen:
Mir wëllen eist Land méi modern opstellen, mir wëllen awer och Traditiounen erhalen an de sozialen Zesummenhalt stäerken. Mir wëllen een intelligente Wuesstem leeden a begleeden. Mir wëllen eis Liewensqualitéit sécheren a fir méi sozial Gerechtegkeet suergen.
Mir lueden Iech an, zesumme mat eis, dat modernt a nohaltegt Lëtzebuerg ze gestalten.
Marc Spautz, Parteipräsident
Laurent Zeimet, Generalsekretär
Claude Wiseler, Spitzenkandidat