Jean-Paul Schaaf
52, Assistant social, Buergermeeschter, Ettelbréck
Jean-Paul Schaaf
Assistant social
Buergermeeschter

“Ech liewe Politik als een Déngscht un de Mënschen”, seet den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf – hien ass an där Funktioun zënter Mee 2003. Och a sengem Beruff déngt hien de Leit als Assistant social. Vun 2004 bis 2013 war hie schonns Deputéierten.

Seng politesch Prioritéite sinn e bessert Zesummeliewen, grad wéi och d‘Sozial- a Familljepolitik. Hie wëll déi sozial Sécherheet garantéieren, ouni engem permanente Wuesstemsdrock mussen ze ënnerleien.

Jean-Paul Schaaf