“Fir mech ass déi perséinlech Entfalung vum eenzele Mënsch an der Gesellschaft wichteg”, sou beschreift de Serge Wilmes seng politesch Motivatioun.
De fréiere CSJ-President ass zënter 2011 an der Chamber. Den Auteur vum Buch “C wéi Crémant – d‘Chamber vun A bis Z” wëll seng Partei kritesch-konstruktiv erneieren.
Zënter 2017 ass den Historiker Éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg. Och hei geet et him ëm méi Liewensqualitéit fir seng Matbierger.