Dem Françoise Kemp ass et wichteg, d’Uleies vun eiser Gesellschaft ze erkennen a sech fir d’Gesellschaft a fir den Eenzelen anzesetzen. Déi jonk Politikerin ass iwwerzeegt, datt een eppes beweege kann, wann een sech engagéiert a fir seng Iddien a Wäerter antrëtt.
“Als Mathematiker interesséieren ech mech fir Digitaliséierung an nohaltege Wuesstem, zwee Beräicher, wou et drëms geet fir eis Gesellschaft elo prett fir d’Zukunft ze maachen”, esou d’Françoise Kemp.